LowPointRun
Umeldung ënnert: Chiplauf Umeldung
Sport, Spill a Spaass fir Grouss a Kleng, Jonk an Al, ënnert dësem Motto organiséiert d’Sportskommissioun vun der Gemeng Mäertert, Päischtméindeg, de 09.06.25, eng éischte Kéier, e flotte Familljendag matt sportlecher Aktivitéit op der Spatz zu Waasserbëlleg, dem déifste Punkt vum Land.
Den Dag fannen 3 verschidde Course statt, e Kannerlaf vu ronn 400 m, e 5km Laf an en 10km Laf. Start an Ziel (Départ an Arrivée) vun de Leef si jeeweils op der “Spatz”, dohier de Numm LowPointRun.
Kanerlaf / Start: 10h00 - Gratis
5km Laf / Start 10h30 : 10€
10km Laf / Start 11h00: 15€
D’Haaptcourse féiert d’Leefer duerch di ganz Gemeng. Fir d’éischt geet et laanscht d’Sauer an den Duerfkär vu Waasserbëlleg, dann iwwert de Bocksbierg rop duerch de Wéngert op Mäertert, wou mer dann duerch de schéine Park iwwert d’Musel zréck op d’Spatz lafen.
Anmeldung unter: Chiplauf Anmeldung
Unter dem Motto „Sport, Spaß für Groß und Klein, Jung und Alt“ organisiert die Sportkommission der Gemeinde Mertert am Pfingstmontag, den 09.06.2025, erstmalig einen schönen Familientag mit sportlicher Aktivität auf der „Spatz“ in Wasserbillig, dem tiefsten Punkt des Landes.
Jeweils 3 verschiedene Läufe werden an diesem Tag stattfinden: ein Kinderlauf von rund 400 m, sowie ein 5 km und 10 km Lauf. Start und Ziel der Läufe sind auf der „Spatz”, daher der Name LowPointRun.
Der Hauptlauf (10 km) führt die Läufer durch die Ortschaften unserer schönen Gemeinde. Los geht es an der Sauer entlang bis hin zum Dorfkern Wasserbilligs, dann den Bocksberg hoch durch die Weinberge nach Mertert, wo wir durch den Schlosspark am Weiher vorbei über die Moselpromenade zurück nach Wasserbillig laufen.